Borehole 33

Thungwini Area - Sodwana Bay

Community Borehole - water for 80 people

 

IZULU WATER & ENVIRONMENTAL CONSERVATION luxembourg asbl

iSandla nqeSandla


 

 


Eine kleine Geschichte zu diesem "Borehole"

27.11.2020

Nachdem Izulu Water über den Monat November 2020 - über 2 Wochen - Info Karten in Bezug auf den weltweiten Wassermangel und in Bezug auf Südafrika gepostet hatte, bekamen wir am 27. November eine besondere Spende von Sybille Storck-Denys.

Georges Liesch, ihr Nachbar und Gemeinderat Differdingen für "déi gréng", hatte sich an der Post-Aktion von Izulu Water beteiligt und Sybille über unser Wasserprojekt erzählt.

Mit ihrem Verkauf von ihren selbstgebackenen Waffeln konnte Sybille sowohl UNICEF wie auch Izulu Water mit rund 1400 Euro unterstützen. Einnahmen 2800 Euro - Verkauf von 4850 Waffeln...

Das ist eine Aktion... die einfach nur sehr sehr bemerkenswert ist - und deshalb wird unser Borehole 33 - Sybille´s Namen tragen.

Hiermit schliesst Sybille den fehlenden Betrag von unserem Borehole-Projet Nansi (32) und startet mit den übrig gebliebenen 202,15 Euro unser neues "Borehole 33".

Ein besonders Dankschön an Sybille sowie an Build it, die auch diesmal den Wassertank, die Wasserleitung und den Wasserhahn spenden.

Ein grosses Dankeschön an JEDEN einzelnen, der an diesem Wasserprojekt in der Thungwini Area beteiligt hat.

Damit wir nicht in ein Stocken geraten bei den Projekten, wird das gespendete Geld immer da investiert - wo noch Geld für ein anstehendes Borehole fehlt.

Dieses Borehole wurde vom Konto von "Schëffleng Hëlleft asbl" abgebucht.

Virwat Deng Hëllef Sybille a virwat Izulu Water:

Sybille:

"Mäin Numm ass Sybille an ech wunnen zu Lëtzebuerg. 

Säit ville Joeren si mer „Global parent“ bei der UNICEF a kréien öfters Berichter gescheckt wou si iwwert hier Aarbecht schreiwen. 

Virun 3 Joer hu mer genau esou ee Bericht gescheckt kritt wou si iwwert di humanitär Katastrof am Yemen bericht hunn. Ech war zudéifst iwwert di Foto,vun deem kräischenden,hongernden a komplett ënnerernährte Kand , betraff an hunn decidéiert eppes ze man fir ze hëllefen. D‘Fro war wéi? 

Dunn ass mer d‘Idee komm, ech kinnt jo Wäffelcher baken a verkafen an di Suen di erakommen, spenden. Voilà a lass ass et gaang. Ech hu mäi Virhaben op Facebook gesat an no e puer Stonnen hat ech scho Commanden vun iwwer 500 Wäffelcher. An sou ass et di Wochen dono weidergaang. No gutt 8 Wochen hunn ech d‘Aktioun ofgeschloss an hat 1100€ zesummen di integral un d‘Kanner aus dem Yemen gaang sinn. 

Dat Joer drop waren et du scho 1600€ . 

D‘lescht Joer hunn ech schon Enn August beschloss unzefänken, well de Misär sech an deenen aarme Regiounen duerch d‘Pandemie drastesch verschlëmmert huet. 

Eigentlech hat ech och dat Joer rem wëlles alles der UNICEF ze spenden, bis e Frënd op Facebook en Artikel vun Izulu Water gepoust huet. D‘Aarbecht di d‘Yasmine do mécht huet mech dermoossen beandrockt dat ech décidéiert hunn och senger Associatioun en Deel vun de Suen ze spenden. Et ass wichteg dat d‘Kanner z‘iessen hunn, mä et ass genau sou wichteg dat se och proppert Drénkwaasser hunn an dofir net Kilometere musse lafen a Stonnen ënnerwee sinn! 

An no bal 5 Méint baken waren 2800€ erakomm. Ech wollt awer mengem ursprüngleche Grond, firwat ech dat Gebaks ugefaang hunn, trei blaiwen, dowéinst sinn d‘Suen opgedeelt ginn an souwuel UNICEF wéi IZULU WATER hunn 1400€ kritt. 

Wat mech am Meeschte freet ass dat ech bei IZULU WATER perséinleche Kontakt mam Yasmine hunn, an konstant informéiert ginn wat mat deene Sue geschitt a wou de Projet drun ass. Ech si quasi am Projet dran. Dowéinst wäert ech IZULU WATER och weiderhinn ënnerstetzen a beim nächste Baken am Hierscht wäerten si och erëm mat deene Suen ennerstëtzt ginn."

Google Maps: 

https://www.google.com/maps/dir/Ward+7,+IZULU+ECO+LODGE,+Mbazwana/-27.5093056,32.6561667/@-27.49256,32.5601266,13z/data=!3m1!4b1!4m9!4m8!1m5!1m1!1s0x1efb2d913ff6c227:0xa7b722a0aed2b0a1!2m2!1d32.5360164!2d-27.4767679!1m0!3e0?hl=en


First Visit: 17.02.2021


Drilling: 30.03.2021


Water running: 31.03.2021


Inauguration: 04.05.2021